Benotzernumm:    Passwuert:   

News / Kalenner

«Abrëll 2010»
MDMDFSS
   01020304
05060708091011
121314151617[18]
19202122232425
2627282930  
Alles | nëmmen zukünfteg Termäiner

Sonndeg, 18. Abrëll 2010

PARAGLIDING WEEKEND - vum 16 - 18 Abrëll (16.04.2010 - 18.04.2010)

Den Cumulux Treuil Club invitéiert fir op den Paragliding Weekend vum 16. bis 18. Abrëll 

Programm:

Freides, de 16. Abrëll um 20 :00 Auer am Centre Nic. Bosseler zu Biekerech:

Virféierung vum präisgekréinte Film « REISE ZUM HORIZONT ». Dëst ass en Dokumentarfilm mam Ewa Wisnierska, Europameeschterin, a mam Dörte Schwarz , enger 69 Joer jonker Fra, déi wëll Gleitschirmfléie léieren. De Film gëtt op beandrockend Aart a Weis a mat wonnerbare Biller en Abléck an d’Liewe vun 2 aussergewéinleche Fraen, enger grousser Leidenschaft an d’Fro wat am Liewe wierklech wichteg ass. De Film ass op däitsch (avec sous-titres français). prix d’entrée : 5.-€
Homepage zum Film
Trailer

Samschdes, de 17. Abrëll

De ganzen Dag iwwer wäerte mer, wann d’Wiederkonditiounen et erlaben, zu Hitten fléien.

Um 18 :00 Auer am Centre Nic Bosseler zu Biekerech :
Virstellung vun eisem Treuil an eise Fluchaktivitéiten an der Gemeng Biekerech

Um 19: Auer: Nepalesesche Menu (vegetaresch) – Menu nepalais (végétarien) prix : 15.-€
Umelle kann ee sech iwwert Tel : 621392022 oder email: bechtrol@pt.lu, am beschten direkt a bis spéitstens den 12. Abrëll. D’Plaze si limitéiert!

Um 20:00 Auer: Paragliding Trek am Himalaya
Mat beandrockende Biller begleede mer de Roland Bechtold op senger Rees zu deenen héchste Bierger, an dat mat der Europameeschterin Ewa Wisnierska. Den Entrée ass fräi!

Sonndes, den 18. Abrëll

De ganzen Dag iwwer wäerte mer, wann d’Wiederkonditiounen et erlaben, zu Hitten fléien.

Fir Flora a Fauna net onnéideg ze belaaschten, biede mer Iech de Fluchterrain net ze betrieden mä vun der Vëlospist aus kann der eis gutt gesinn!!

D'Affiche mat dem Programm ass nach eng kéier hei ze fannen.