Benotzernumm:    Passwuert:   

FAQ

Wéi kann ech Member beim Cumulux Paragliding Club ginn?

Umellen kann een sech direkt iwwert d'Homepage andeems een ënner "Member ginn" direkt online d'Demande ausfëllt. Wann een nach keen Fluchschäin huet, kann een sech als Membre non-volant umellen.
Duerno kritt een eng Kopie vun senger Umeldung.
Als nächste Schrëtt soll een dann den Droit d’entrée + Cotisatioun op den Kont vun eisem Club iwwerweisen. Wann dat gemaach ass, gitt Dir vun eis kontaktéiert, kritt e provisorescht Passwuert an gitt fir de Forum an fir'd Homepage fräigeschalt.
Wann een sech nom 1. Oktober umellt, gëllt d'Cotisatioun och fir dat folgend Joer.


Wéi kann ech een Chèque Cadeau fir een Tandem-Fluch bestellen?

Eisen Club bitt eemol am Joer (meeschtens Ufank Juli) een Tandem-Weekend un - hei ee Video wéi dat ausgesäit. Fir sech duerfir unzemellen, soll een eis iwwert d'Homepage ënner Kontakt eng E-Mail mat der Demande schécken. Dann gëtt een op eng Lëscht gesat, an wann et dann souwäit ass, an d’Wieder matspillt, gëtt een kontaktéiert fir den Rendez-vous. Fir en Fluch vun ongeféier 10 Minutten bezilt een 50 Euro.
Mir sinn leider keng professionell Struktur, mee een Veräin vun Frënn, déi reegelméisseg zesummen Parapente fléien ginn. Am Géigendeel zum Ausland, hunn mir keng Tandem Piloten, déi berufflech Parapente mat engem Passagéier fléien. Et ass eis net méiglech Bongen als Cadeau ze erstellen fir esou een Tandem-Fluch ze verschenken.
Mir bieden iech deemno, iech heifir an Däitschland oder Frankräich ze informéieren.
Kuckt emol op www.moselglider.de oder op club.mosailes.com.


Wéi a wou kann ech Paragliding léieren?

Fir Paragliding ze léieren muss een an eng professionell Fluchschoul goen. Et ginn der hei an der Grenzregioun oder et mëscht een d'Ausbildung während enger Vakanz an den Bierger.
Wann een d’Ausbildung beieneen mécht kann een an 3 Wochen een Fluchschäin hunn. Et kann een 1000 Euro rechnen bis zum Schäin, an d’Material kritt een geléint.
Kierperlech brauch een keen Top-Sportler ze sinn, et soll een awer gutt ze Fouss sinn.
Et gëtt Ënnerscheeder zwëschent der Ausbildung an deenen verschiddenen Länner, mee dat féiert hei ze wäit.
Fir weider Info’en maacht eng E-Mail un info (at) cumulux . lu dann huelen mir Kontakt mat Iech op.