Benotzernumm:    Passwuert:   

Aféierung

Paragliding - eng vun deene scheinsten Art a Weisen der Sonn mei no ze sin an daat Wuert Fraiheet nei ze entdecken. Am Aklang mat der Natur bidd der desen Sport d´Meigelechkeet, eng nei Dimensioun kennen ze leieren an d´Welt vun uewen aus der Loft ze betruechten.

Paragliding ass Segelen an enger vun sengen schéinsten Formen - den eiwegen Menschheetsdraam vum Fleien huet mat deser Loftsportart Gestalt ugeholl. E Sport deen ouni gréisser physesch Ufuerderungen kann praktizeiert gin an all Alterskategorie usprecht.

Vum einfachen Genoss- bis hin zum ambitioneierten Wettkampfpilot mat Streckenflig bis zu 400 km an engem Steck – Paragliding huet fier jidfer Gout a Kategorie eppes ze bidden.

De Cumulux Paraglding Club huet sech zum Ziel gesaat, desen faszineirenden Sport gemeinsam mat sengen Memberen ze erliewen an jiddereen deen dorunner interesseiert ass, mat Rot an Dot ze ennerstetzen. Eisen Club verfolgt keen finanziellen Hanngergronn – et geet eis just dorems, de Genoss vum Fleien gemeinsam ze erleiwen a flott Momenter mateneen kennen ze verbréngen.

Wells och du flott Stonnen mat enger symphatescher Equipe verbrengen an dei eemoleg Sensation vum Fleien mat Kolleegen deelen - da bass de bei eis a gudden Hänn.

An wann d´Wieder emol keen Fleien erlaabt dann plangen mer aaner gemeinsam Aktivitéiten.

Huet och dech den Drang no Fraiheet gepaak - da verleier keng Zait – a komm bei eis laanscht...mier freen eis op dech!

De Cumulux Paragliding Club