Benotzernumm:    Passwuert:   

Cumulux Paragliding Club - Geschicht

D'Entstoungsgeschicht vum Cumulux Paragliding Club

(Text : Rol; Photos : Laurent + Rol)

Deene meeschte lëtzebuerger Gleitschirmpiloten, déi hir Ausbildung am Ausland gemeet hunn, ass et wuel och esou ergaangen: Nodeems se hire Schäin an der Täsch haten, hunn se sech heiheem erëm fonnt, nit méi encadréiert a behitt, a keng Anung wou a mat weem se dann elo kéinte fléien. Ech hat déi grouss Chance mat Zäiten de Rob kennen ze léieren, deen a menger Gemeng wunnt, dee scho méi laang geflunn ass an duerfir och méi Erfarung hat. Zesumme si mir dacks duerch d'Land gezunn, hunn no Fluchplazen oder Hiwwele gekuckt, wou ee kéint ofhiewen. Och si mer an dat not Ausland gefuer fir Fluchsiten auszeprobéieren. Schonn deemools hu mir dervu geschwat fir ee Club ze grënnen an eventuell mat enger Wann ze probéieren de lëtzebuerger Fluchraum ze erschléissen. Ower eréischt mat der Entdeckung vun der Gringlay sollt déi Iddi, fir e Club ze grënnen, sech realiséieren.

 

 

Wat huet elo Kayakfuere mat Paragliding ze dinn? Mir, als Kayakfuerer, ass opgefall, datt op deene meeschte Plaze wou ee fléie kann, och Waasser ass wou ee paddele kann. Esou war et och am Fréijoer 2007, wéi mir bei enger Descente vun der Sauer deen Hank bei Lëpschent opgefall ass, deen no bei der Kant ofgeholzt gi war. Eréischt Woche méi spéit, esou Enn Mee, wéi ech mam Rob an der Géigend ënnerwee war fir e bësselche Groundhandling ze maachen, hunn ech mech un deen Hang erënnert. Mir hunn d'Plaz erëmfonnt a ware vun Ufank u begeeschtert, wéi mer op der Gringlay um Aussiichtspunkt stoungen an den Hangopwand äis an d'Gesiicht geblosen huet. Wéi dacks schonn hate mer gemengt eng Plaz fonnt ze hunn an dann huet hei oder do eppes nit gepasst, an hei? Et huet einfach näischt dergéint geschwat firwat een hei nit hätt kënne fléien. Den Hank war ganz schéi géi, do ënne ware Plaze, wou ee lande konnt, also...? Sécher, et misst een den Hank fir d’éischt e bësselche botzen, well e stoung voller Gestraich a Bréimen, do ware Fielsen, Stëmp vu Beem déi ofgeholzt gi waren, ...mee mir waren der Meenung, datt et der Méi wäert wier, fir et ze probéieren. Am Laf vun der Woch ass et mer gelongen, mat der Hëllef vum Sekretär vum Syndicat d'Initiativ an der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Gemengesekretärin, Kontakt mat de Proprietaire vun den Terrainen opzehuelen. Si hunn äis erlaabt den Terrain ze benotze fir emol éischt Fluchexperienzen ze maachen. Schonns Enn der Woch hu mer äis mat Fräischneider a Motorsee am Hiwwel geplot fir eng Fläch fräizemaachen, déi grouss genuch war fir e Schierm auszeleeën.

 

 

Samschdes, den 30 Juni 2007, hu mir de Laurent matbäigeholl fir äis ze hëllefen a mat 3 Fräischneideren ass et äis du gelonge bannent e puer Stonnen den Terrain ze degagéieren. Et war deemols schonn eng Bommestëmmung, zemol wéi de Rob dun och nach mam Fräischneider op Sprengstoff gestouss ass. Et huet sech hei awer anscheinend nit ëm Iwwerreschter vun de Bommeleeër gehandelt, déi an der Zeit och an dëser Géigend operéiert haten, mee ëm Sprengstoff aus dem Krich. (laut Aussoe vun der Police déi eise Fond dem Sprengstoffkommando iwerginn hunn).

 

 

Mäi Brudder Guy, selwer passionéierten Segelfligerpilot, huet sech och afonnt an zesumme mam Rob hu si mat hire Modellfliger de Loftraum op Turbulenzen an Thermikquellenënnersicht an erflunn. Nach ëmmer huet neischt dergéint geschwat fir hei e Fluch ze woen. Mir hu Baatschen ausgeluecht wou mer dem Rob säi Schierm ausgebreed hunn an du war et un him, als erfuerenste Pilot, fir däerfen deen éischte Fluch vun der Gringlay ze maachen.

 

 

Spéider sollt sech erausstellen dass de Rob net deen éischte war, dee vun hei aus geflunn ass, dat soll awer säi Merite nit méi kleng maachen. De Rob ass direkt e puermol hin an hier gesoart ier hien dunn an den Dall geflunn ass fir um Camping ze landen.

Eis Begeeschterung war grouss, mee wéi sollt et elo weidergoen? Mir haten endlech eng Plaz fir ze fléien, mee fir déi ze séchere muss ee Strukturen hunn, muss ee Kontrakter maache mat de Proprietären, muss een eng „personalité juridique" sinn. Mir waren äis séier eens datt et elo un der Zäit wier fir e Club ze grënnen.
Dofir brauch een awer méi Leit, an déi meescht Lëtzebuerger hunn hir Ausbildung am Ausland gemeet a ginn och an d'Ausland fléien. Mat der Ënnerstëtzung vum DHV (Deutscher Hängegleiterverband www.dhv.de), dee souwuel eng Annonce op der Homepage, wéi och am DHV-Info N°147 (August/September), publizéiert huet, hunn sech ganz séier e puer begeeschtert Pilote gemellt. D'Wieder huet och matgespillt a geschwë konnten de Christian, den Oli, de Lex, de Jim an de Steve hiren éischte Fluch bei rouege Bedingungen op der Gringlay maachen a sécher um Camping landen, zur allgemenger Begeeschterung vun de Campingsgäscht, déi se mat Bäifall empfaangen hunn. Et ass einfach een onbeschreiflecht Glécksgefill wat wuel jidderee bei sengem éischte Fluch op Heemechtsbuedem iwwerkënnt. Anerer (Christina) haten hire Schierm nit derbäi oder nach kee Fluchschäin (Laurent) a konnte just nokucken!

 

 

Mir waren äis ower och bewosst, datt bei ënnerschiddleche Wandbedingungen dëse Fluchsite ganz schéin turbulent kéint sinn, an dat besonnesch op der Landeplaz, wou de Wandsak sech méi ewéi eemol queesch gestallt huet. Doduerch, datt den Dall esou schmuel a verschlongen ass, ass net ëmmer virauszegesi wéi de Wandfloss sech verhält an et muss ee bei all Geleeënheet drop opmierksam maachen,datt een, deen op der Gringlay flitt, zu all Moment op alles gefaasst muss sinn! Mir hunn ower och séier festgestallt datt et net ongeféierlech war fir do aus deem géien Hank eraus ze starten, well e Startofbroch quasi onméiglech war. Et huet also ëmmer alles misse passen an et huet schonn eng Portioun Iwwerwanne kascht fir sech do „erofzegeheien". Ideal wier, wa mer uewe vun der Kant aus kéinte starten, mee do stoungen nach eng Rei Beem, déi gehënnert hunn. Op Nofro beim Proprietär huet hien äis erlaabt déi Beem zu Brennholz ze verschaffen ouni awer eng Rechnung auszestellen. De 15. September war du wuel dee bis dato remarquabelsten Dag an d'Gebuertsstonn vum Cumulux Paragliding Club. Op mäin Opruff hin huet sech eng Dose Leit zesummefonnt fir mat Motorseeën, Aaxten, Fräischneider, asw... d'Kant ze degagéieren.

 

De Jim gräift zou

 

Den Ted mat schwéirer Laascht

 

Den Oli mat der Feil

 

De Rob mam Spuet

 

De Claude mat Kap

 

De Patrick ouni Kap

 

De Lex paakt Holz un

 

De Jean-Paul an de Rol zefridden

 

De Jemp buddelt

 

De Laurent wëll fleien

 

D’Christina tässelt…

 

…een décke Koup

 

Et ass derwäert hei op dëser Plaz d'Nimm vun deene Leit ze nennen, déi sech zum groussen Deel virdrun nach net kannt hunn, an déi mat vill Asaz a vill Schweess d'Gesiicht vun der Gringlay markéiert hunn an e Fluchsite geschaaf hunn, deen äis et elo erlaabt sécher vun enger flacher Wiss aus de Schierm opzezéien an ofzehiewen. Et waren dat: d'Christina, de Jemp, den Oli, de Lex, den Ted, de Rob, de Laurent, de Jean-Paul, de Patrick, de Jim, de Steve an de Claude. Net ze vergiessen awer den onermiddlechen a fachmänneschen Asaz vum Bartholome's Pir, ouni dee mer dat sécher net an engem Dag gepackt hätten, an dat ouni Accident.

 

Bartholme’s Pir mat Motorsee

 

Wéi bestallt, huet de Wand owes, wéi mer d'Holz fäerdeg getässelt haten, gedréint, an zum Ofschloss ass een Deel vun äis erofgeflunn. Um Camping war et äis erlaabt ze duschen an dono hu mer äis, erëm e bësselchen vun de Strapazen erholl, an der Brasserie du Vieux Moulin afonnt, wou sech mëttlerweil nach eng Rei Leit agetraff waren.

No enger Virstellungsron (an engem gudde Maufel) si mer déi virbereete Statuten duerchgaangen, hunn eis Iddien a Virstellungen ausgetosch an verschidde Schwéierpunkten duerchdiskutéiert a festgehalen. Ech kann nëmme soen, datt ech iwwerwältegt war vun deem Enthusiasmus an deem perséinlechen Asatz vu jiddwer Eenzelnem op dësem memorablen Dag, an déi Begeeschterung huet sech och vun engem op deen aneren iwwerdroen. Leit, déi sech virdrun zum groussen Deel nach iwwerhapt nit kannt hunn, haten e gemeinsamt Bedierfnis, a jiddereen huet säi Bäitrag geleescht an huet zu dëser euphorescher Stëmmung bäigedroen. Dëst war an ass sécher de Grondsteen vun eisem Veräin, och wann déi eigentlech Grënnungsversammlung eréischt 2 Woche méi spéit zu Lëpschent am Kulturzentrum ofgehale gouf. Vun dëser Platz aus geet een décken an häerzleche Merci fir hir frëndlech Ënnerstetzung un:
-d'Buergermeeschtesch vu Buurschent, d’ Madame Annie Nickels-Theis
-de Proprietär vun der Gringlay, den Här Jean Birden a säi Jong , dem Här Patrick Birden
-den Här Guy Meier, deen äis seng Startwiss zur Verfügung stellt an eise Wënsch ëmmer entgéint komm ass
-den Här Georges Kremer, Proprietär vum Camping „Op der Gritt", wou mer däerfe landen an deen och soss keng Méi gescheit huet fir eis ze hëllefe wou en nëmme konnt
-den Här Jean Schockmel, Sekretär vum Syndicat d'Initiative, fir seng berodend Funktioun
-d’ Madame Alice Koob-Glaesener, Sekretärin vun der Buurschenter Gemeng fir hir kompetent Ënnerstetzung
-d’ Brasserie du Vieux Moulin datt si äis opgeholl hunn
-d’ Firma Husting & Reiser vu Reiden fir Liwwerung vun enger grousser Tyweckplan fir den Terrain ofzedecken.
-d’Firmaen Swing, Paratec, Skywalk, Wings of Change, Advance, U-Turn fir Liwwerung vun Wandsäck
-dem DHV (Deutscher Hängegleiter Verband) fir all Ënnerstetzung vun Ufank u (a fir 2 Wandsäck)
-dem Bartholome's Pir, fir säi groussen Asatz a seng professionell Betreiung bei der Botzaktioun vum 15. September 2007.